Happyfaces

Gesiichtermolen - Face Painting

 
 
 
 
 
 
 
Face Painting

basic face

 
Billergalerie
 
 
 
 
 
 
 

extra faces

 

 Face Painting ass eng eenzegaarteg Konscht déi d'Kannergesiichter an puer Minutte verzaubert an hinnen déi schéinsten Iwwerraschung schenkt, wann se an de Spigel kucken! Tigeren, Pimpampelen an Prinzessinnen sinn d'Favoriten, mä mir man eist Bescht fir all Motiv ëmzesetzen, dat Ärt Kand sech wënscht!


Mir kënnen duerchschnëttlech 10-12 Kanner an der Stonn molen, ofhängeg vum Motiv ("basic" oder "extra"). Dofir bedenkt dësen Duerchschnëtt wann Dir eis bucht. Fir méi grouss Evenementer kënne mir och ee ganzt Schminkteam zesummestellen.


Denkt drun, dass d'Kanner ënnert 3 Joer net dierfen geschminkt ginn, well hier Haut nach an der Entwécklung ass. Als Alternativ kënne mir awer ee klengt Motiv op d'Hand oder den Aarm molen.

 

Mir benotzen just waasserléislech, professionell Theaterschmink. Dës Faarwen sinn hautfrëndlech a mat Waasser a Seef einfach ewech ze kréien. All Pinsel an Equipementer ginn no all Optrag grëndlech gebotzt an desinfizéiert.

 

Mir brauchen ongeféier 2x2 m Plaz an am beschten een Dësch (min. 1x1 m) mat 2 Still pro Maquilleuse. D´Plaz soll geschützt si vu Sonn a Reen, éischter roueg an hell, an et soll e gudden Accès zu Waasser do sinn (Krunn, Toiletten, Waasserflächen...). Solle mär Plakater/Roll’ups matbréngen fir eisen Stand unzeweisen, da sot eis Bescheed.


Gesiichtermolen passt bal zu all Ulass:

  -  Ouverturen
  -  Ausstellungen
  -  Betriebsfester
  -  Gebuertstagspartyen
  -  Hochzäiten
  -  Fuesend
  -  Halloween
  -  Floumaart, Stroossefester
  -  a villes méi...

Mir schwätzen

 lëtzebuergesch, däitsch, franséisch an englesch.

Dauer vun der Virstellung:

 ab 2 Stonnen.

Viraussetzungen

 Mir brauchen ongeféier 2x2 M Plaz an am beschten een Dësch (min. 1x1 M) mat 2 Still pro Maquilleuse. Et huet een am beschten een alen Dësch deen dreckeg/faarweg däerf ginn, ze huelen, oder eng Plastiksënnerlag dropzeleeën. D´Plaz soll éischter roueg an hell sinn, an et soll e gudden Accès zu Waasser do sinn (Krunn, Toiletten, Waasserfläschen...). Bei Evenementer wou vill Kanner erwaart ginn, misst un een System geduecht ginn, dass d´Reiefolg agehalen gëtt, wéi z.B. Bongen déi numeréiert sinn. Och soll der eis matdeelen, ob mer sollen Plakater matbréngen fir eisen Stand unzeweisen.