Happyfaces

Highlights fir Ärt Fest

 

Professionellt Gesiichtermolen an temporär Tatouage maachen Ären Event zu eppes ganz Besonnesches. 

Face Painting ass eng Leidenschaft, déi sech am Laf vun de Joeren ëmmer wieder entwéckelt. Hei kritt Där gënschteg Präisser a Forfait'en ugebueden, well dat hei keng Agence ass. 

Fir méi grouss Evenementer verfüge mär iwwer gutt Kontakter zu aneren Schminkkënschtler, fir zu all Zäit ee méi schnellt an flëssegt Schaffen ze garantéieren.

Iwwert d'Gesiichtermolen

Gesiichtermole passt zu all Geleeënheet:

Temporär Tattoo'en

Eis Spezialgebidder sinn de temporär Tatouagen, wéi z.B. Gold- Sëlwer, Henna-Style, Glitzer- oder Airbrush-Tatto’en, handgemoolte Konschtwierker un den Äerm, Tribals, Blummen an nach vill méi...).

weider liesen
 
 
 
 
 
 
 
 

Gebuertsdeeg

Bei Kanner ass de Facepainting déi absolut Nummer eent, niewent dem Bastelen an den temporären Tatouagen. Gënnt Ärem Kand déi Freed op sengem Gebuertsdag.