Happyfaces

Gesiichtermolen - Face Painting

 
 
 
 
 
 
 
Face Painting

basic face

 
Billergalerie
 
 
 
 
 
 
 
scary boys

extra faces

 

Face Painting as eng eenzegaarteg Konscht déi d'Kannergesiichter an puer Minutten verzaubert an hinnen déi schéinsten Iwwerraschung schenkt wann se an de Spigel kucken! Tigeren, Pimpampelen an Prinzessinnen sinn d'Favoriten, mä mir man eist Bescht fir all Motiv ëmzesetzen, dat Äert Kand sech wënscht!

Mir kënnen duerchschnëttlech 10-12 Kanner an der Stonn molen, ofhängeg vum Motiv ("basic" oder "extra"). Dofir bedenkt dësen Duerchschnëtt wann Dir eis bucht. Fir méi grouss Evenementer kënne mir och ee ganzt Schminkteam zesummestellen.

Denkt drun, dass d'Kanner ënnert 3 Joer net dierfen geschminkt ginn, well hier Haut nach an der Entwécklung ass. Als Alternativ kënne mir awer ee klengt Motiv op d'Hand oder den Aarm molen.

Mir benotzen just waasserléislech, professionell Theaterschmink. Dës Faarwen sin hautfrëndlech an mat Waasser an Seef einfach ewech ze kréien. All Pinsel an Equipementer gin no all Optrag gebotzt. Kuckt ënnert Gesondheet a Secherheet fir eis Sëcherheetsbedingungen duerchzeliesen.

"basic" oder "extra faces"?

Den Ënnerscheet tëscht béid Tariffer ass den Schwieregkeetsgrad an den Opwand vun den Motiver.

Basic faces sinn meeschtens kleng Motiver (um Bak, beim Aen, Reebou-Motiven, Blummen, Gekréngeltes, asw...) an/oder Standard-Motiver wéi z.B. Piraten, einfach Prinzessinnen oder Tigeren. Dës méi einfach Motiver sinn an 2 bis 7 Minutten gemoolt. Déi meescht temporär Tattoo'en oder Hand- souwéi Aarm-Konschtwierker falen och ënnert "Basics".

Extra faces sinn méi komplex Motiver, déi vill méi detailléiert geschminkt ginn. Aus dësem Grond dauert d'Ëmsetzung och méi laang, well den Opwand méi grouss ass. Mir kënnen awer schon a 7 bis 15 Minutten wonnerschéin Gesiichter mat héijen Niveau schminken.

Gesiichtermolen passt bal zu all Ulass:

  • Ouverturen
  • Ausstellungen
  • Betriebsfester
  • Gebuertstagspartyen
  • Hochzäiten
  • Fuesend
  • Halloween
  • Floumaart, Stroossefester
  • a villes méi...

Mir schwätzen

lëtzebuergesch, däitsch, franséisch an englesch.

Dauer vun der Virstellung:

ab 2 Stonnen.

Viraussetzungen

Mir brauchen ongeféier 2x2 M Plaz an am beschten een Dësch (min. 1x1 M) mat 2 Still pro Maquilleuse. Et huet een am beschten een alen Dësch deen dreckeg/faarweg däerf ginn, ze huelen, oder eng Plastiksënnerlag dropzeleeën. D´Plaz soll éischter roueg an hell sinn, an et soll e gudden Accès zu Waasser do sinn (Krunn, Toiletten, Waasserfläschen...). Bei Evenementer wou vill Kanner erwaart ginn, misst un een System geduecht ginn, dass d´Reiefolg agehalen gëtt, wéi z.B. Bongen déi numeréiert sinn. Och soll der eis matdeelen, ob mer sollen Plakater matbréngen fir eisen Stand unzeweisen.

Animatioun

Bei engem Kannergebuertsdag rode mer Iech un eng zweet Persoun ze denken, déi d´Kanner beschäftegt während se gemolt ginn, fir dass se net ronderem laafen, sech langweilen oder déi ganzen Zäit bei d´Maquilleuse nofroen kommen wéini si als nächst un d´Rei kommen fir gemoolt ze ginn. Mir bidden Iech dofir d´Méiglechkeet un, eng Animatrice zousätzlech ze engagéieren, wann dat an Ären Budjet passt. Bei der Animatioun ass do keng Grenzen gesat: ob traditionell Partyspiller, eng Schatzsich oder en Themendag... Deelt eis Är Erwaardungen mat, an mir man dat Bescht fir se ze realiséieren.
Klickt hei fir weider Informatiounen iwwert eis Animatiouns-Offeren!