Eng Equipe fir Ärt Fest
Dësen Site repräsentéiert eng Equipe vun 3 Frëndinnen - d'Lynn, d'Isabelle an d'Joëlle - déi professionellt Gesiichtermolen an héichwäerteg Animatioun unbitt fir Ären Event zu eppes ganz Besonnesches ze maachen!
Den Face Painting an d'Kanneranimatioun sin eis Leidenschaft an net eisen Haaptberuff. Mir bidden dohier gënschteg Präisser a Forfait'en un, well mir KENG Agence sinn.
Aus dësem Grond kënne mir och bal all Zort un Amateuren zur Verfügung stellen, déi Dir fir Äert Fest braucht. Mir hunn nämlech eng laang Lëscht vu Kontaktpersounen, wéi Clown'en, Zauberer an aner Schminkkënschtler fir méi grouss Evenementer, fir zu all Zäit ee méi schnellt an flëssegt Schaffen ze garantéieren.
Iwwert d'Gesiichtermolen
Gesiichtermolen passt zu all Geleeënheet:
Bodypainting an Tattoo'en
Mir sinn déi eenzeg am Land déi spezialiséiert op Bodypainting an temporär Tattoo'en sinn (Glitter Tattoo'en, Henna, handgemolten Konschtwierker un den Äerm, Tribals, Blummen an nach vill méi...).
Animatioun
Bei der Animatioun si keng Grenze gesat:
Sief et en einfacht Fest matt klasseschen Spiller wéi "Reise nach Jerusalem" oder "Limbo" oder léiwer eng Mottoparty wéi z.B. eng "Prinzessinnenparty" oder ee "Piratendag" matt enger Schatzsich. Mir man eist Bescht fir Ären Wënsch nozekommen! Liest weider, wann Dir méi gewuer wëllt ginn!







