Kanneranimatioun
Mir bidden ierch verschieden Animationen fir de Gebuertsdag vun Ärem Kand un, sou dass Dir Ierch em näischt méi ze këmmeren braucht!
Nierwt Gebuertsdaagsparty’en machen mir och Animationen op Famillienfester, Betriebsfeieren, Hochzaiten, sou dass och op sou Feieren aer Kanner net zekuerz kommen an deen Daag genau wei dir kennt genéissen.
Aeren an onsen Ideen sin keng Grenzen gesaat, soulaang aer Kanner waerten en onvergiesselech Daag erliewen.
Themenpartyen
Mir proposéieren och eng Themenparty wei beispielsweis:
- en Prinzessinengebuertsdaag,
- en Rittergebuertsdaag,
- eng Piratenschatzsuche,
- en Indianergebuertsdaag an nach villes mei
Klassesch Animatioun
Klassech Animatioun sin traditionnell Partyspiller wéi zum Beispill:
- Reise nach Jerusalem
- Limbo
- Topfschlagen
- blinde Kuh
- asw.
Bastel-Atelier
Zousätzlech zu der klassescher Animation an dem Themengebuertsdaag bidden mir och nach Bastelatelier’en un, wou mir mat den Kanner z.b Blumendeppen oder T-shirten bemolen, Krounen fir en Prinzessinengebuertsdaag bastelen, oder mir bastelen eppes waat ofhängeg vun der Saison ass.
Brauch Dir ee Kannerbetreier fir Ärt Fest?
Wann Dir op engem Fest vill Kanner erwaart, an Dir wëllt dass d'Elteren net net mussen déi ganzen Zäit en Ae op hier Kleng haalen, sou besteht och d'Méiglechkeet eng oder puer Persounen ze engagéieren, déi op d'Butzen oppassen an se eng Weil beschäftegen. Déi selwecht Betreier kënnen och agesaat gin fir bei Atelier'en (Béchsenschéissen, Sprangschlass, Bastelatelier...) eng Hand matt unzepaaken.
Piñata
Eng Piñata ass emmer nees en Héichpunkt op all Fest, sierf et op engem Kannergebuertsdag, Krëschtdag oder aaner Fester... D'Piñata kënnt ursprünglech aus Mexiko an ass eng faarweg Figur, meeschtens aus Pappmaché, gefëllt matt Kamellen, Nëss oder kleng Spillsaachen. Dës Figur gëtt während engem Fest matt enger stabiler Schnouer oder engem Seel an d'Luucht gehaangen (z.B. un ee Baam). Noeneen kënnen d'Kanner probéieren (matt oder ouni verbonnenen Aen) matt engem Bengel oder Baseballschléier d'Piñata opzeschloën. Jiddereen huet ongeféier 3 Versich fir sou fest wéi méiglech op d'Figur ze schloen. Wann d'Piñata futti ass, kënnt d'Iwwerraschung déi dran verstoppt war erausgefall an d'Kanner kënnen sech dropstierzen fir sou vill wéi méiglech anzesammelen.
Mir bastelen d'Piñatas selwer a passen se individuell op d'Virléift vun Ärem Kand un oder op d'Thema vum Fest. Bestellt d'Figur awer opmannst 3 Wochen am Viraus, soss ass se net matt Zäiten fäerdeg!
Package
Natiirlech kënne mir och ee ganzen Programm op Ären Event zouschneiden an Ierch eng ganz Equipe zesummesetzen wéi Dir et wënscht! Kontaktéiert eis fir Ären individuellen Package!
alternativ Aktivitéiten
Mir kënnen Ierch och Leit weidervermëttelen déi net an eiser Equipe sin, mee déi awer vun Zäit zu Zäit matt eis zesummeschaffen. Mir hun d'Kontaktdonné'en vun verschidden Animateuren wéi Clownen, Zauberer, Ballonskulpteuren an nach vill méi... Mellt Ierch einfach wann Dir eng Persoun sicht a mir kucken ob mir Ierch weiderhëllefen kënnen!