Kierperkonscht
Face Painting bei Erwuessenen
Face Painting ass net nëmmen fir Kanner! Mir kréien och vill Ufroen vun Erwuessenen fir Halloween, Fuesend, fir Fotoshootings oder einfach nëmmen esou fir Auszegoen oder speziell Uläss ausgefalen geschminkt ze ginn.
Kuckt einfach emol eis Galerie duerch, da gesi Dir e puer Beispiller!
Bodypainting
E ganzen Bodypainting dauert tëscht 4 an 7 Stonnen! Alternativ zu enger ganzer Kierperbemolung, ass och eng Deelbemolung wéi z.B. bis iwwert den Dékolté, een Arm (assymetesch), ee Been oder méi méiglech. Mir passen ons Ären Wënsch an Gedold un an stellen och een Fotograf zur Verfügung. E puer Beispillfotoen fann Dir demnächst online!
Bauchbemolung während der Schwangerschaft
Des Zort vu Bemolung ass nach ganz nei an awer eng eenzegarteg an besonnësch Art a Weis, d'Schwangerschaft a ganz schéiner Erënnerung ze behaalen. D'Bemolung gëtt ganz individuell virgeplangt an kann könschtlerësch, perséinlech, witzeg oder verspillt sin. Beispiller gin den schwangeren Fraën virun all Bemolung zougeschéckt fir sëch eng Iddi ze maachen. Eng Bemolung dauert tëscht enger bis dräi Stonnen je no Motiv an fënnt meeschtens bei engem Fotograf statt.
Temporär Tattoo'en
Henna Tattoo'en
Mir bidden och Henna Tattoo'en un, awer just op privat Ufroën.
Mir benotzen just 100% puren Henna, deen tëscht orange, rout a brong fierwen kann.
Schwaarz kann keen Henna fierwen, ausser e gëtt matt geféierlechen Zousätz vermëscht, deen schiedlech fir d'Haut ass!
handgemolten Konschtwierker an Tattoo'en
Mir können all gewënscht Motiv do opmolen wou Dir et wëllt. Ob Blummen, Kréngelen, Päiperlécken matt Glitter oder léiwer een realistesch wierkenden Tribal, alles ass méiglech! Arm-Motiver si bei Kanner immens beléiwt, awer och Jugendlëcher an Erwuessener loossen sëch gären en Tattoo opmolen fir ze kucken ob se ee richtegen wëllen herno maache loossen.
Dir kënnt selwer entscheeden, ob mir matt waasserléislecher Gesiichtsfaarw solle molen, déi einfach matt Waasser an Seef ofgin, oder léiwer speziell hautfrëndlech Tënt solle benotzen, déi méi bis zu enger Woch op der Haut bleiwen oder matt Alkohol eweg gin.
Glitter Tattoo'en
Glitter tattoo'en si ganz nei an ass och eng Zort temporär Tattoo'en. Dës gin matt speziellem Hautkliewer an Glitter matt Hëllef vun enger Schabloun opgedroën oder handgemolt. Sie bleiwen tëscht 3 Deeg bis zu enger Woch oder kënnen matt Alkohol eweg gemeet gin.
