Spezialeffekter
Mir bidden Spezialeffekter fir Erwuessener un, a verschiddener och fir Kanner. Op Ufro ass bal alles méiglech: simuléiert Wonnen, Narben, künstlech Oueren oder Nuesen an zuguer ganz Latex-Masken oder aaner Kierperdeeler.
Geleegenheeten fir Spezialeffekter kéinten folgend sin:
- Halloween Party'en
- Horror, Zombie oder Special Effect-Party'en
- Piraten-Geburtsdeeg (matt Wonnen- an Narbengestaltung)
- Film a Telé
- Theater
- Reklamm
- Fotoshoots a villes méi...
D'Gestaltung vun falschen Wonnen matt Profi-Wues dauert just 5 Minutten. Künstlech Kierperdeeler gi vun eis selwer hiergestallt an individuell ugepasst. Dës mussen 1-3 Wochen am Viraus bestallt gin, well et eng Zäitchen dauert fir se hierzestellen. Sie gin meeschtens aus Latex gemeet, dofir muss eng Latex-Allergie ausgeschloss sin! Matt speziellem Hautkliewer gin se um Kierper befestegt a kënnen matt Make-Up oder Theaterschmink iwwerschminkt gin fir se dem Hauttoun unzepassen. Alles dat kënne mir och man.
